Schéi komplizéiert

vum Narmina Pasqualoni

“Wa mer eleng beim Bild bleiwen, bleiwe mer un der Uewerfläch hänken an et geet esou vill verluer: Gedanken, Stëmmungen, kleng Gespréicher, vereenzelt Situatiounen, mat hiren Déiften an Nuancen, mat deenen Ofdréck, déi se an der Erënnerung an am Häerz hannerloossen. Heiansdo kreesen d’Gedanken a mengem Kapp, wéi e Grupp Haifësch an hirem Baseng, nervös a gelueden. Dës Energie muss eraus, soss frësst se mech vu bannen op an dowéinst versichen ech elo mol d’Spueren an d’Narben, déi vum Liewe bleiwen, dem Pabeier hei viru mer unzevertrauen.“

Dëst sinn d’Opzeechnunge vun enger Fra, déi probéiert hiren Alldag mat hirer Famill an hir Gedanken zu deem, wat grad an der Welt dobausse geschitt, opzeschreiwen an anzeuerdnen. Bei dësen intimen, awer fragmentareschen Iwwerleeunge probéiert d’Narmina Pasqualoni ze weisen, wéi Vergaangenheet a Géigewaart matenee verbonne sinn a wéi d’Liewen heiansdo schéi komplizéiert ka sinn.

D’Buch kritt een an der Librairie Ernster, der Librairie Diderich an op Amazon ze kafen.

den Tageblatt-Artikel iwwer d’Buch

fir ze lauschteren

Eng Episod am Podcast VANdalinnen op Spotify oder Apple Podcasts

  • https://open.spotify.com/episode/3Ir493ARaImIYs4csgaLeN?si=7ae547b024924ad0

  • https://podcasts.apple.com/lu/podcast/05-all-lights-on-narmina-pasqualoni-and-motherhood/id1718399094?i=1000638325996&l=de-DE

Eng Reportage um Radio 100,7 am Kader vun der Emissioun “Wat leeft op dengem Sonndeg?”

https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/wat-leeft-op-dengem-sonndeg-narmina-pasqualoni?pd=article

Narmina Pasqualoni

1986 zu Lëtzebuerg gebuer, huet d’Narmina Pasqualoni nach ëmmer gär gelies a geschriwwen. Si huet zu Heidelberg a Saarbrécken däitsch an englesch Literatur studéiert a versicht elo als Proff hir Léift fir dës Sproochen un déi nächst Generatioune weiderzeginn. „Schéi komplizéiert“ war hiert éischt fikitiivt Wierk. Wann e Buchclub ugesot ass, ass si och am VANdalinnen-Podcast mam Shari Schenten a Paule Kremer dobäi.

 

Publikatiounen:

 Pasqualoni Narmina: Schéi komplizéiert. Epubli, 2023.