Wat sinn d’Ënner dem Radar-Produktiounen?
D'Ënnert dem Radar-Produktioune sinn eng Initiativ vum Narmina Pasqualoni an dem Shari Schenten. Alle béid hu Bicher geschriwwen an d'Erfarung gemaach, datt een net ëmmer einfach en Editeur fënnt, mat der Zesummenaarbecht net ganz zefridden ass oder säi Wierk ganz einfach selwer publizéiere wëll. Well et awer net ëmmer einfach ass den Iwwerbéck ze behalen, hu si decidéiert mat den "Ënnert dem Radar-Produktiounen" Leit ze hëllefen, déi och de Wee vun der Eegepublikatioun wëlle goen. Dobäi hëllefe si mat Tippen a maache Reklamm op de soziale Medien.
Kontakt: ënnert.dem.radar@gmail.com
Eis Ekipp
Narmina Pasqualoni
1986 zu Lëtzebuerg gebuer, huet d’Narmina Pasqualoni nach ëmmer gär gelies a geschriwwen. Si huet zu Heidelberg a Saarbrécken däitsch an englesch Literatur studéiert a versicht elo als Proff hir Léift fir dës Sproochen un déi nächst Generatioune weiderzeginn. „Schéi komplizéiert“ war hiert éischt fikitiivt Wierk. Wann e Buchclub ugesot ass, ass si och am VANdalinnen-Podcast mam Shari Schenten a Paule Kremer dobäi.
Publikatiounen:
Pasqualoni Narmina: Schéi komplizéiert. Epubli, 2023.
Shari Schenten
D'Shari Schenten huet Germanistik a Romanistik zu Heidelberg studéiert an nach e Master an der Luxemburgistik gemaach. Si ass Lëtzebuergeschproff an ass op d'Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch spezialiséiert. An deem Kader huet si d'Buchrei "A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch" erausginn an huet vun 2018 bis 2023 als Enseignante vacataire e Seminar op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu deem Theema ginn. Säit 2009 schafft si als Freelance-Journalistin bei RTL Radio, virun allem am Beräich vum Sport. Säit 2021 ass si an der Emissioun "Afterwork" dobäi a si stellt reegelméisseg Serië vir.
Zesumme mam Paule Kremer mécht si de Podcast "VANdalinnen" a mécht och soss verschidde Moderatiounen. 2025 huet si d'Buch "(K)Eng Fraewelt." erausbruecht an als Begleetmaterial och e Podcast mam selwechten Numm.
Publikatiounen:
- Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A1“ Ernster Éditions, Luxembourg, 2023.
- Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A2.1“ Ernster Éditions, Luxembourg, 2024.
- Schenten, Shari: „A lass. Mir léieren d'Lëtzebuerger Grammaire. 1" Ernster Éditions, Luxembourg, 2025.
- Schenten, Shari: (K)Eng Fraewelt. Epubli, 2025.