(K)Eng Fraewelt
vum Shari Schenten
„If you stand for equality, then you’re a feminist. Sorry to tell you.“
Et vergeet eigentech kaum een Dag, op deem een an de Medien net op schrecklech Gewaltdote géint Fraen, op Fraenhaass oder diskriminéierend Aussoen trëfft. Diskutéiert ee mat Leit iwwer seng eegen Experienzen, gi se oft net eescht geholl. Dëst Buch ass de Versuch, en Iwwerbléck iwwer d’Situatioun vun de Fraen an der Gesellschaft ze maachen, fir eventuell méi Versteesdemech ze bréngen. Et ass de Versuch, fir vun enger Fraewelt ze schwätzen an ze weisen, datt dës Welt leider nach oft keng fir Fraen ass.
D’Buch kann ee bei der Librairie Ernster kafen an och online bestellen.
Link op den Artikel op www.rtl.lu.
Fir ze lauschteren
D’Buch gëtt begleet vun engem Podcast mam selwechten Numm op Spotify an op Apple Podcasts. D’Buch gëtt hei net virgelies, mä verschidden Aspekter ginn opgegraff a verdéift an aner Episode ginn iwwert d’Buch eraus.
Shari Schenten
D'Shari Schenten huet Germanistik a Romanistik zu Heidelberg studéiert an nach e Master an der Luxemburgistik gemaach. Si ass Lëtzebuergeschproff an ass op d'Enseignéiere vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch spezialiséiert. An deem Kader huet si d'Buchrei "A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch" erausginn an huet vun 2018 bis 2023 als Enseignante vacataire e Seminar op der Universitéit vu Lëtzebuerg zu deem Theema ginn. Vun 2009 bis 2025 huet si als Freelance-Journalistin bei RTL Radio geschafft, virun allem am Beräich vum Sport. Vun 2021 bis 2025 war si en Deel vun der Emissioun "Afterwork".
Zesumme mam Paule Kremer mécht si de Podcast "VANdalinnen" a mécht och soss verschidde Moderatiounen. 2025 huet si d'Buch "(K)Eng Fraewelt." erausbruecht an als Begleetmaterial och e Podcast mam selwechten Numm.
Publikatiounen:
- Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A1“ Ernster Éditions, Luxembourg, 2023.
- Bleser, Simone; Schenten, Shari: „A lass. Mir léiere Lëtzebuergesch. A2.1“ Ernster Éditions, Luxembourg, 2024.
- Schenten, Shari: „A lass. Mir léieren d'Lëtzebuerger Grammaire. 1" Ernster Éditions, Luxembourg, 2025.
- Schenten, Shari: (K)Eng Fraewelt. Selbstverlag, 2025.